Rentrée a Rheinland-PfalzIwwer 100 Schüler wéinst eenzele Corona-Fäll a Quarantän

RTL Lëtzebuerg
Genee wéi zu Lëtzebuerg, hunn och bei eisen Nopere vill Leit suerge bei de Rentrée gehat, elo ginn och schonn déi éischte Fäll gemellt.

A Rheinland-Pfalz ass et bannent den éischten Deeg vun der Rentrée 2020/2021 wéinst Fäll vu Corona-Infektioune schonn zu enger Partie Massequarantäne komm.

Am Westerwald huet eng Schoul 60 Schüler a 4 Enseignantë wéinst confirméierten Ustiechunge missten heem schécken. Eng Schülerin war aus der Vakanz komm, hat sech teste gelooss a war negativ. D’Meedche vu 16 Joer ass dunn an d’Schoul gaangen, ma puer Deeg dono ass e weideren Test positiv ausgefall, esou déi Responsabel vun der Schoul der DPA géigeniwwer.

D’Schüler, sou wéi d’Enseignantë mussen elo bis den 31. August a Quarantän goen. Jiddweree géif an där Zäit 2 Mol op de Virus getest ginn. An de nächsten 2 Woche solle Schüler an der Schoul Masken droen, fir esou d’Ustiechung mat Leit aus Vakanzen z’evitéieren.

Och zu Tréier hunn sech 2 Schüler vun 2 verschiddene Schoule mam Virus infizéiert. 52 Schüler an 3 Enseignantë mussen a Quarantän, esou déi zoustänneg Verwaltung. Betraff sinn de “Friedrich-Wilhelm-Gymnasiums” an d’"bischöflichen Grundschule am Dom”. Et géif weisen, wéi sensibel d’Situatioun ass, sou dass alleguerten d’Schüler an och Elteren nach eemol dozou opgeruff ginn, sech streng un d’Reegelen ze halen.

Och zu Koblenz ass eng Klass a Quarantän geschéckt ginn, nodeems en infizéierte Schüler an d’Schoul gaangen ass. Eng Schwëster vum Schüler war zu deem Zäitpunkt an enger anerer Klass, ma war awer am Virfeld schonn negativ getest ginn. D’Klass dovunner ass net a Quarantän komm, ma all Mënsch gouf awer hei du getest.

Gréisser Fäll si bis ewell soss net bekannt, just eenzel Fäll, wou Schüler missten heemgeschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO