
Bannent de leschte 24 Stonne goufen an den USA iwwer 127.000 Neiinfektioune registréiert, dat huet d’Johns Hopkins-Universitéit e Samschdeg gemellt.
D’Zuel vun den Doudegen, déi positiv op de Virus getest goufen, ass ëm 1.149 op iwwer 236.000 geklommen. Et ass dee veréierten Dag noeneen, datt d’Zuel vun Doudegen bei iwwer 1.000 läit.
De Virus breet sech weider séier an den USA aus. Eleng 19 vu 50 Bundesstaaten hunn een neien Héchstwäert gemellt.
