
An der Nuecht op e Sonndeg koum et am Bezierk Neukölln an der däitscher Haaptstad zu enger gréisserer Feier. Däitsch Medie schreiwe vun 3.000 bis 5.000 Leit, déi op der Hasenheide zesumme gefeiert hunn.
Kuerz no 23 Auer hätten déi éischt Awunner sech iwwer de ville Kaméidi beschwéiert. Eréischt mat Verstäerkung vun e puer Police-Unitéiten hätt een d’Situatioun géint 2.30 Auer an de Grëff krut, um 5 Auer moies war den Asaz eriwwer. 70 Beamten an e puer Police-Hënn waren op der Plaz.
De Falko Liecke, “Gesundheitsstadtrat” vun Neukölln, huet dem Tagesspiegel géintiwwer gesot, dass hien d’Behuele vun der Partyzeen a Corona-Zäiten als “zudéifst asozial” empfënnt. Op der enger Säit géinge sech d’Participanten der Gefor aussetzen, sech unzestiechen an domat anerer ze infizéieren, op der anerer Säit géinge si de Park mat hirem Dreck verknaschten an d’Wisen zerstéieren. “Dat ass egoistesch a kann net méi akzeptéiert ginn”, sou nach de Liecke am Interview mam Tagesspiegel.
Dëst ass net déi éischte Kéier, dass an de vergaangene Wochen illegal Partyen zu Berlin organiséiert goufen. Am Kader vun de Berliner Sécherheets- an Hygiènesreegele si Veranstaltunge mat iwwer 1.000 Visiteure bis den 31. August verbueden.
