Südkorea - SeoulIwwer 3.000 Membere vu protestantescher Kierch an Isolatioun

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère huet 315 positiv Corona-Fäll ënnert de Membere vun der protestantescher Kierch Saang-Jeil festgestallt.

Dowéinst sinn elo ronn 3.400 Gleeweger vu der kontroverser Communautéit a Quarantän gesat ginn.

Momentan géif all sechste Coronavirus-Test an der Communautéit positiv ausfalen, esou de Vize-Gesondheetsminister Kim Gang-lip.

Wärend der éischter Corona-Well hat Südkorea mat senger Strategie “noweisen, testen, behandelen” d’Situatioun séier ënner Kontroll kritt a war domat zum internationale Virbild am Kampf géint de Virus ginn. Elo gëllt et ob des Strategie zeréckzegräifen.
De Gang-lip proposéiert duerch “séier Tester an Isolatioun” des rapid Ausbreedung ze bremsen, woubäi en der Saang-Jeil-Kierch hire Mangel u Kooperatioun kritiséiert.

Des weidere sinn zanter dësem Weekend all reliéis Versammlungen an der Haaptstad Seoul, esou wéi an der Provënz Gyeonggi verbueden an d’Bevëlkerung ass gebieden non-essenziell Reese fir den Ament ze ënnerloossen.

E Méinden de Moie sinn iwwerdeems 197 nei Infektiounen bannent 24 Stonne a Südkorea gemellt ginn, wat dem Land säin Total ob 15.500 zanter dem Ufank vun der Pandemie bréngt.

Back to Top
CIM LOGO