
Dat sot den Ermëttler Christian Hoppe vum däitsche Bundeskriminalamt e Mëttwoch an der ZDF-Emissioun “Aktenzeichen XY... ungelöst”, wou, wéi den Numm et scho seet, ongeléiste Fäll nei mediatiséiert ginn, fir datt de Public vläicht nei Indice fënnt. Virun engem Mount gouf d’Verschwanne vum Maddie McCann do thematiséiert. E Mëttwoch gouf Bilan vun der éischter Emissioun gezunn.
D’brittescht Meedche Maddie McCann ass virun 13 Joer, den 3. Mee 2007, aus enger Anlag mat Appartementer am portugisesche Praia da Luz verschwonnen. Et gëtt géint den Däitsche Christan B. ermëttelt, wéinst Mordverdacht. D’Ermëttler goufe schonn 2013 op hien opmierksam, no enger Emissioun vum ZDF.
De Verdächtegen huet 2007 an der Algarve am Portugal gewunnt. Um Dag, wou d’Maddie verschwonnen ass, soll de Christian B. op der Plaz telefonéiert hunn. D’Ermëttler sinn nach ëmmer op der Sich no enger portugisescher Handysnummer, mat där eng Persoun de Christian B. ugeruff huet, kuerz ier d’Maddie verschwonnen ass. dës gouf och an der Emissioun “Aktenzeichen XY... ungelöst” e Mëttwoch gewisen. De Public gouf dozou opgeruff sech ze mellen, wann een dës Nummer kennt.
De Christian B. wier scho méi dacks kriminell opgefall an ass wéinst Sexualstrofdoten virbestrooft. De Verdeedeger vum Verdächtegen, Friedrich Fülscher, huet awer N-TV gesot, datt d’Ermëttler d’Beweiser géife forcéieren. De Christian B. wier net geféierlech, wéi d’Medien en duerstelle géifen, mee wier ganz roueg a frëndlech.