
Ugefaangen huet dat globaalt Waljoer 2024 de 7. Januar am Bangladesch. Hei konnt sech d’Awami-Liga vun der Premierministesch Hasina Wajed 74 Prozent vun de Stëmme sécheren. D’Wal gouf allerdéngs vun der Oppositioun a vu Journalisten als net-fräi kritiséiert.
Ma wéi eng Wale sinn uechter d’Welt dëst Joer nach a wéi eng dovunner sollt een och hei zu Lëtzebuerg am Bléck behalen? Mir hunn eis e puer Wale méi genee ugekuckt.
Den 13. Januar gëtt an Taiwan esouwuel d’Parlament ewéi och de President gewielt. D’Walen an dësem Land fannen dobäi ëmmer virum Hannergrond vun de Relatioune mat China statt, dat Taiwan jo net als eegestännegt Land, mä als eng rebelléierend Provënz gesäit, déi et - fréier oder spéider - rëm ënnert d’Herrschaft vun der kommunistescher Partei ze brénge gëllt. Deementspriechend verlaangt Peking, vun all Land, dat diplomatesch Relatioune mat China wëll hunn, offiziell unzëerkennen, dass Taiwan en Deel vun der Volleksrepublik ass. Mat der Ausnam vun 13 Länner, mécht dat och all Staat op der Welt. D’politesch Realitéit ass awer dacks méi komplizéiert. Zemools déi amerikanesch Relatioune mat Taiwan suergen ëmmer nees fir diplomatesch Spannungen tëscht Peking a Washington.

Indien
Am Fréijoer sinn dann iwwer 900 Millioune Mënschen opgeruff, dat neit indescht Parlament ze wielen.
Vum 6. bis den 9. Juni sinn an de 27. EU-Memberstaaten d’Wale fir déi 720 Deputéiert vum EU-Parlament. Dëst virum Hannergrond vun de Kricher an der Ukrain an am Noen Osten, der Fro vum richtegen Ëmgang mat der Migratiounsfro a vun der Klimakris.

De 5. November gëtt dann an den USA en neie President gewielt. Ma net nëmmen dat. Op dësen Dag, ginn och déi 435 Deputéiert vum Representantenhaus bestëmmt a 34 Sëtz am Senat ginn nei besat. Déi weltwäit Opmierksamkeet läit awer kloer op der Wal vum nächsten amerikanesche President. An dat kéint een albekannte sinn.
