
Wéi déi hessesch Stad e Freideg matgedeelt huet, wier den Ibrahim Akkus schonn den 10. Januar am Alter vu 70 Joer gestuerwen. Hien hätt laang un de kierperlechen a séilesche Follgen vum Attentat gelidden.
Den 19. Februar 2020 hat den Tobias R. zu Hanau néng Mënsche mat Migratiounshannergrond ëmbruecht. Och seng Mamm a sech selwer huet hien erschoss. D’Autoritéiten hunn d’Dot als rietsextrem a rassistesch motivéiert agestuuft. An enger Bar huet den R. op den Akkus geschoss, deen dobäi schwéier blesséiert gouf.
Méintelaang wier den Ibrahim Akkus duerno am Spidol traitéiert ginn an hätt e puermol missen operéiert ginn, huet d’Stad Hanau matgedeelt. Wéinst senge schwéiere Blessure war hien op ee Rollstull ugewisen. An der lescht hätt hie säi Krankebett just nach seele kënne verloossen, seng Fra a seng Duechter hätten hie jorelaang mat vill Léift gefleegt.
Déi traumatesch Erliefnisser vum Februar 2020 hätten den Akkus bis zum Enn begleet, schreift d’Stad. Scho virun dem Attentat hätt hien duerch säin Diabetes ee Been verluer an hätt eng Prothees gehat. Trotzdeem wier hie virdru mobil a selbststänneg gewiescht: An engem Interview hätt hie méi spéit erzielt, datt hie virum Ugrëff iwwerall zu Fouss higaange wier.
“Mam Doud vum Ibrahim Akkus verléiere mir ee Mënsch, deem säi Liewen duerch de rassisteschen Terrorattentat an eiser Stad op eng grausam Aart a Weis zerstéiert gouf”, huet den Oberbürgermeister Claus Kaminsky (SPD) erkläert.
Säi Schicksal wier “Warnung an Optrag zugläich”, huet de Kaminsky erkläert an huet betount: “Hanau steet un der Säit vun den Affer an hire Familljememberen.” D’Stad géif “weider alles dru setzen, datt d’Erënnerung, d’Verantwortung an den Asaz géint Rassismus a mënschefeindlech Ideologien e feste Bestanddeel vun eisem Handele bleiwen.”