IndonesienIwwerschwemmunge fuerderen entretemps iwwer 900 Doudeger, Zuel kéint weider klammen

RTL Lëtzebuerg
Déi indoneesesch Katastrophen-Agence huet e Samschdeg en neie Bilan vun den Iwwerschwemmungen op der Insel Sumatra publizéiert.

Duerch d’Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche sinn entretemps iwwer 900 Leit gestuerwen. Méi wéi 400 Persoune gi weiderhi vermësst. Déi lokal Autoritéite fäerten elo, datt d’Zuel vun den Doudege weider klamme kéint, well et u medezinescher Versuergung a Liewensmëttel feelt. Déi indoneesesch Zentralregierung huet nach keen Noutstand ausgeruff, wat vun de Leit op der Plaz schaarf kritiséiert gëtt. Ee Grond kéint sinn, datt d’Regierung net wëllt zouginn, datt se mat der Situatioun iwwerfuerdert ass an Hëllef aus dem Ausland brauch.

Back to Top
CIM LOGO