
De Jean-Luc Melenchon geet d'nächst Joer bei de franséische Presidentielle mat an d'Course. Dat huet de Lénkspopulist a Matbegrënner vun der Partei "La France Insoumise" e Sonndeg wësse gedoen. Et ass seng véierte Participatioun bei de Presidentschaftswalen an Frankräich.