State of UnionJoe Biden bezeechent Donald Trump indirekt als Gefor fir d'NATO

RTL Lëtzebuerg
Den US-President huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun säi Regierungsbilan verdeedegt a vill nei national an international Mesuren ugekënnegt.
© Saul Loeb / AFP

A senger Ried zum State of the Union huet e kämpferesche Präsident Joe Biden de Bilan vu senger Regierung bis elo energesch verdeedegt, awer och grad esou energesch op de Kontrast tëscht him a sengem Virgänger higewisen.

De George Zens aus den USA iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Joe Biden

Hien huet den Donald Trump keng eng Kéier mam Numm genannt, mee méi wéi eng Dose Mol dat Wuert ‘Virgänger’ gebraucht, wann hie vun him geschwat huet. Hien huet den Trump als eng Gefor fir d’Demokratie an Amerika duergestallt, an als Frënd vum Wladimir Putin an domat als e Risiko fir d’NATO an déi ganz fräi Welt.

Hien huet vill insistéiert op d’Recht op Selbstbestëmmung, wat Contraceptioun, kënschtlech Befruchtung an den Avortement ubelaangt, alles Themen, déi nees aktuell gi sinn, nodeems den ieweschte Geriichtshaff vun den USA d’lescht Joer d’Verfassungsgarantie op Avortement gekippt hat.

En anere Schwéierpunkt vu senger laanger Ried war d’Situatioun vun der Ekonomie. D’Aarbechtslosegkeet wier niddereg, d’Inflatioun géif erofgoen, an trotzdeem géifen d’Leit sech Suergen maachen. Hien huet Moossnamen ugekënnegt, fir besonnesch der Mëttelschicht ze hëllefen, awer och der amerikanescher Industrie.

Et däerf ee jo net vergiessen, dass Walkampf ass, an dat huet sech a senger Ried däitlech gewisen. “D’Mëttelschicht huet Amerika gemaach, an d’Gewerkschaften hunn d’Mëttelschicht gemaach”, huet hien erkläert mat engem Coup de Chapeau un d’United Auto Workers Gewerkschaft, déi him hir offiziell Ënnerstëtzung zougesot huet.

Wat d’illegal Immigratioun ubelaangt, huet hie ganz kloer deene Republikaner d’Schold ginn, déi e Gesetz blockéieren, wat soll hëllefen, d’Situatioun op der Grenz mam Mexiko z’entspanen.

International huet hie seng Solidaritéit mat Israel bestätegt, awer gläichzäiteg verlaangt, dass d’humanitär Hëllef fir d’Palästinenser net däerf politiséiert ginn. D’USA géingen dofir en Hafe baue, fir dass Hëllef kéint iwwert d’Mëttelmier an de Gazasträif kommen.

Hien huet och witzeg op säin Alter ugespillt, an zouginn, hie wier méi al, wéi e géing ausgesinn. Haaptsächlech awer wier de Choix am November bei de Walen tëscht him op engem optimistesche Wee no vir, a sengem Virgänger op engem rosene Wee no hannen.

Back to Top
CIM LOGO