
Dat huet hien e Freideg de Mëtteg Lokalzäit wärend engem Walkampfoptrëtt am Wisconsin kloer gestallt. Duerno huet den Joe Biden sech an engem längeren Exklusivinterview op der ABC wuertwiertlech op Häerz an Niere préiwe gelooss.
Et goung dem Journalist George Stephanopoulos nom desastréisen Optrëtt vum Joe Biden bei der Televisiounsdebatt géint den Donald Trump nämlech als éischt ëm de Gesondheetszoustand vum aktuelle President. Den Joe Biden seet, hie wär net seriö krank.
Hie wär midd gewiescht, an hätt e schlechten Owend gehat. Déi 90 Minutten dierfte seng ganz Aarbecht aus de leschte Joren net diskreditéieren, argumentéiert den Joe Biden. Dat widderhëlt hien ëmmer nees wärend deem Interview.
Den ABC-Journalist haakt do no, wou bei eis d‘Grenz zu der Privatsphär warscheinlech schonn depasséiert wär. Hie freet, ob de President sech géif vun onofhängegen Dokteren ënnersiche loossen, ob hie physesch a mental nach op der Héicht ass, an d‘Resultater dann ëffentlech maache géif.
De Biden äntwert, säi Beruff wär dagdeeglech esou en Test. An hie géif dee packen. Hie wär de Mann, deen Honnertdausenden Aarbechtsplaze geschaaft, d‘NATO beienee bruecht, an dem Putin d‘Stier gebueden hätt. Meritten, déi géife weisen, dass hien deen eenzege Kandidat wär, deen d‘USA leede kann. Sondagë vu Wall Street Journal an New York Times, déi weisen, dass den Trump säi Virsprong op de Biden ausbaue kann, ignoréiert den Nach-President a gëtt dem republikanesche Konkurrent nach eng mat. Den Trump wär e krankhaften Ligener, esou de Biden.
E grousse Riedner war den Joe Biden ni. Ma et kann ee wuel soen: den Interview war nom Debakel am TV-Duell nees ok. Den Demokrat muss awer elo weisen, dass en nach e laangen Otem huet.
Den Donald Trump krut vun der ABC dat selwecht Format proposéiert, huet awer ofgesot.
Op d’Fro, ob den US-President nach physesch a mental fit genuch wär, fir 4 Joer laang déi gréisst Nuklear-Allianz vun der Welt unzeféieren, huet den Nato-Generalsekretär betount «eng vun den Ursaache firwat d’Nato eng erfollegräich Allianz ass, ass well mer eis ëmmer aus innepolitesche Sujeten erausgehalen hunn». De Jens Stoltenberg huet awer och déi gutt Zesummenaarbecht ervirgehuewen a sot, den Joe Biden hätt eng staark Féierungsroll an der Allianz, och a wat d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain ugeet.
Fest steet: Den US-President wëll d’Welt an d’Wieler iwwerzeegen, datt nach mat him ze rechnen ass. Datt dat him geléng, ass am Interêt vun Europa. Am Géigesaz zum Donald Trump bekennt den Joe Biden sech zur Nato an der militärescher Ënnerstëtzung vun der Ukrain. Grad wéi de franséische President Emmanuel Macron. Dee jo no de virgezunnen Neiwalen a Frankräich extrem geschwächt op den Nato-Sommet komme wäert. Ee Sommet, wou et drëm geet, Eenheet a Stäerkt ze manifestéieren.