Penibelen Tëschefall um NATO-SommetJoe Biden stellt Wolodomyr Selenskyj als "President Putin" vir

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Joe Biden deet op en Neits wéinst engem mentale Lapsus vu sech schwätzen.
© SAUL LOEB AFP

U sech wollt den Joe Biden mat enger staarker Performance op enger Pressekonferenz dovun iwwerzeegen, wéi fit hie wier, fir géint den Donald Trump bei den amerikanesche Presidentschaftswalen unzetrieden. Ma e Freideg de Moie gëtt an der Press virun allem iwwert e penibele Lapsus vum amerikanesche President um NATO-Sommet geschwat. Den Joe Biden huet do de Wolodomyry Selenskyj als “President Putin” lancéiert, fir sech duerno séier erëmzehuelen. Hie wier sou drop konzentréiert, géint de Wladimir Putin ze gewannen, huet den Demokrat probéiert, säi Lapsus z’erklären. Kuerz drop huet den Joe Biden da vum Vizepresident Trump geschwat, wéi hien u sech d’Kamala Harris gemengt huet.

Den Joe Biden verwiesselt de Wolodomyr Selenskyj mam Wladimir Putin
Den Joe Biden verwiesselt de Wolodomyr Selenskyj mam Wladimir Putin

Den Joe Biden gëtt d’Wuert un de “President Putin” weider

No béide Virfäll fuerderen ëmmer méi Demokraten, datt hien onbedéngt op eng weider Presidentschaftskandidatur misst verzichten. Nieft Deputéierten aus dem Representantenhaus an enger Partie Senateuren, äussere mëttlerweil och héich Membere vun der demokratescher Partei grouss Zweiwel dorun, ob den Joe Biden nach geeschteg an der Lag ass, eng weider Legislaturperiod ze meeschteren. Esou schreift den Noriichte-Sender CNN, datt den Ex-President Barak Obama an d’fréier Cheffin vum Representantenhaus Nancy Pelosi matenee geschwat hätten a besuergt wieren, datt een d’Course géint den Donald Trump ëm d’Wäisst Haus net kéint mam Joe Biden gewannen.

Aus dem Cabinet vum US-President heescht et just, datt déi eege Positioun kloer wier. Weider wéilt een d’Thematik net kommentéieren. Ufank August ass den Nominéierungsparteidag vun den Demokraten. Bis dohinner muss d’Partei sech eens sinn, wie fir si verhënnere soll, dass den Trump nees President gëtt.

Nom enttäuschenden Optrëtt vum Joe Biden wärend dem éischten Debat géint den Donald Trump, gouf d’Verhale vum 81 Joer ale President um NATO-Sommet jo besonnesch opmierksam beobacht. Op der Pressekonferenz en Donneschdegowend huet den US-President op en Neits betount, datt hie fit genuch wier, fir ze kandidéieren an d’USA véier weider Jore ze leeden. Dat hätten neurologesch Tester gewisen, sot de Biden an ass dobäi wärend deem Saz hänke bliwwen. Hie wier der Meenung, datt hien déi Persoun wier, déi am beschte qualifizéiert wier, fir nach emol géint den Donald Trump ze gewannen.

Back to Top
CIM LOGO