
De fréieren Premier an EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet seng Nofollgerin Ursula von der Leyen virun enger méiglecher Zesummenaarbecht mat de Rietskonservativen am Europaparlament gewarnt.
Mat ville Parteien, déi sech an der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, der EKR, “zesummerotten”, kéint et keng gemeinsam Zukunft ginn, sou de Jean-Claude Juncker am Schwäizer “Tages-Anzeiger”. Hie géif sech als Member vun der Europäescher Vollekspartei “energesch” géint sou en “Ausrutschen an de rietsen Eck” wieren. Mat der polnescher PIS-Partei an der Fisdesz vum Viktor Orban dierft et net zu enger Koalitioun kommen. An der EKR-Fraktioun sinn och d’Postfaschisten vun der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni, Fratelli d’Italia vertrueden. D’Ursula von der Leyen hat an enger Table ronde vun de Spëtzekandidaten Uganks des Mounts eng Zesummenaarbecht mat der EKR net ausgeschloss.