
De Fluchhafen huet nëmmen 1,25 Milliounen Passagéier registréiert, par Rapport zu iwwer 7 Millioune virun engem Joer. Déi gréisste Bausse gouf et mat enger Chute vu 95% Prozent op den Nordamerika-Strecken. D’Entwécklung dieft sech wéinst dem partielle Lockdown am November nach verschlëmmeren. De Chef vum Airport John Holland-Kay reprochéiert der brittescher Regierung den Aviatiounssecteur net genuch z’ënnerstëtzen. Ënnert anerem géif et net genuch Corona-Testméiglechkeete fir Fluchpassagéier. D’Aviatioun ass mat am Stäerkste vun de Suitte vun der Pandemie negativ betraff.