No Attentat zu BréisselJustizminister Vincent Van Quickenborne kënnegt Récktrëtt un

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie waren nei Informatiounen iwwert den Auteur vum Attentat e Méindeg den Owend zu Bréissel public ginn.
© AFP (Archiv)

De 15. August 2022 hat Tunesien eng Demande fir d’Ausliwwerung vum Abdesalam Lassoued gemaach. Dës Demande gouf allerdéngs net traitéiert.

Op der Pressekonferenz e Freideg den Owend sot de Van Quickenborne: “En tant que ministre de la justice, je ne peux, en aucun cas, m’immiscer dans le travail d’un magistrat. Et bien qu’ici il s’agisse d’un magistrat indépendant, je tiens malgré tout à assumer la responsabilité de cette erreur inacceptable. Je ne cherche absolument aucun prétexte, je ne cherche aucune excuse.”

De belsche Justizminister Vincent Van Quickenborne huet erkläert, datt hien dem Premier seng Decisioun matgedeelt huet: “Ech hunn hien informéiert, datt ech meng Demissioun areechen.”

Et wier een individuellen, monumentalen an inakzeptabele Feeler, sou nach de Vincent Van Quickenborne, dee sech op en Neits fir déi “dramatesch Suitten” vun dësem Feeler vun de Justizautoritéiten entschëllegt huet.

Back to Top
CIM LOGO