No déidlecher Attack zu BréisselPresuméierten Täter ass dout, Warnstuf erofgesat

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet e Mann zwee schweedesch Futtball-Supporter erschoss an eng weider Persoun blesséiert.
Presuméierten Täter Bréissel ass dout, Warnstuf erofgesat
E Méindeg den Owend huet e Mann zwee schweedesch Futtball-Supporter erschoss an eng weider Persoun blesséiert.

Um Dënschdeg de Moie kuerz virun 8 Auer war et d’Informatioun, dass d’Police zu Schaerbeek eng Persoun “neutraliséiert” hätt. Si wier um Thorax getraff ginn, wier awer um Liewen. Dat hat d’Inneministesch Annelies Verlinden deen Ament bestätegt.

Iwwert de geneeë Gesondheetszoustand goufen et ufanks ënnerschiddlech Meldungen. Et gouf e grousse Sécherheetsperimeter ageriicht. Ëm kuerz no 10 Auer huet déi belsch Inneministesch Annelies Verlinden iwwer X, fréier Twitter, confirméiert, datt de presuméierten Täter verscheet wier. Hien hätt antëscht och kënnen identifizéiert ginn.

© AFP

De Mann gouf am Bréisseler Staddeel Schaerbeek fonnt, wou d’Police ee Wunnhaus duerchsicht hat. Dobäi hu si och d’Tatwaff fonnt.

D’Police hätt en Tipp kritt, dass de Mann sech an engem Café zu Schaerbeek verstoppe géif, melle verschidde Medien. Wéi d’Police do ukomm ass, wier et zu engem Schosswiessel komm, bei deem den Tunesier um Broschtkuerf getraff gi wier. D’Waff, déi bei der Attack um Méindeg benotzt gouf, wier nieft him fonnt ginn. De presuméierten Täter gouf mat enger Ambulanz an d’Spidol bruecht.

Géint 9 Auer war et dunn d’Bestätegung vun de lokalen Autoritéiten, dass et sech ëm den Abdesalem L. géif handelen, no deem zanter der Attack um Méindeg den Owend gesicht gi war.

An der Belsch gouf en Dënschdeg am fréien Owend déi national Sécherheetssituatioun vum Niveau 4 op den Niveau 3 erofgesat. Déi imminent Menace wier net méi ginn, nodeems de presuméierten Täter neutraliséiert gouf, huet de Premierminister Alexander de Croo matgedeelt.

E Mëttwoch soll et eng Commemoratiouns-Feier fir d’Affer ginn, dat a Presenz vum schweedesche Premier Ulf Kristersson.

En Dënschdeg de Moien gouf nach no engem méigleche Kompliz vum presuméierten Täter gesicht.

Informatiounen iwwert de presuméierten Täter

De 45 Joer alen Tunesier Abdesalem L. wier der Police bekannt gewiescht, ënnert anerem wéinst Mënschenhandel, illegalem Openthalt an Ugrëff op d’Staatssécherheet, sot de Justizminister Vincent Van Quickenborne.

2016 hätt eng auslännesch Police drop higewisen, dass de Mann sech radikaliséiert hätt. Dat wier vun de belschen Autoritéiten iwwerpréift ginn, awer net weider suivéiert ginn, sot de Justizminister.

Et hätt keng konkret Indicen op eng Radikaliséierung ginn, dofir wier d’Persoun och net am deementspriechende Regëster opgelëscht ginn, esou de Vincent Van Quickenborne weider.

De presuméierten Täter huet am November 2019 Asyl ugefrot an am Oktober 2020 en negativen Avis kritt. Well en awer aus dem Melderegëster gestrach gi war, konnt d’Decisioun vu senger Ausweisung net zougestallt ginn, sot d’Staatssekretärin Nicole de Moor, déi zoustänneg ass fir d’Migratioun.

D’Cécile Jodogne, Buergermeeschter vu Schaerbeek huet op der RTBF am Interview gesot, dass den Abdesalem L. an eng Moschee gaangen ass, aus där e virun enger gewësser Zäit ausgeschloss gouf, wéinst senge radikalen Iwwerzeegungen.

De schwedesche Premierminister huet iwwerdeems op enger Pressekonferenz matgedeelt, dass den Abdesalem L. sech och a Schweden opgehalen huet. E geneeën Zäitraum gouf awer net genannt. Hie wier de schwedeschen Autoritéiten awer net bekannt gewiescht.

Sécherheet gëtt verstäerkt

De schwedesche Miwwel-Hiersteller Ikea reagéiert op d’Attentat vun e Méindeg. D’Butteker bleiwen op, ma et gëtt e verstäerkte Sécherheetsdispositif. Et ginn 8 Ikea-Butteker an der Belsch, dovunner 1 an der Bréisseler Gemeng.

D’Inneministesch Verlinden huet dann och matgedeelt, dass z.B. déi schwedesch Diplomateposten an der Belsch méi iwwerwaacht ginn.

En Dënschdeg de Moie war et dann och d’Informatioun, dass ee vun den zwee Schweden, déi erschoss goufen, an der Schwäiz gewunnt huet.

Och Kinepolis huet ugekënnegt, dass zousätzlecht Sécherheetspersonal an de Kinoen an den Asaz kënnt.

Dat selwecht gëllt fir verschidde Muséeën.

Wat war um Méindeg geschitt?

E Méindeg den Owend huet e Mann zwee schweedesch Futtball-Supporter erschoss an enger weider Persoun blesséiert. Op engem Video ass ze gesinn, wéi den Täter mat enger Kalaschnikow op zwou Persoune schéisst. Hie war mat engem Scooter ënnerwee.

Et ass bekannt, wien et ass, well hie kuerz virun der Dot, e Videomessage op Facebook publizéiert huet, wou hie sech zum IS bekennt, a seet Ongleeweger mussen ëmzebréngen. Et soll sech ëm e 45 Joer alen Tunesier handelen, deen illegal am Land ass, an zu Bréissel wunnt.

An der Belsch gouf déi nationale Sécherheetssituatioun an den Niveau 4 gehéicht, wat heescht, dass eng Menace imminent ass.

© AFP

D’Sécherheetsautoritéiten hu sech d’ganz Nuecht iwwer dann och mat der Politik concertéiert. Verschidde Schoulen zu Bréissel bleiwen um Dënschdeg de Moie mol zou an d’Leit sinn opgeruff sech net onbedéngt an der Bréisseler Regioun ze deplacéieren, wa se net mussen.

Nom Täter gouf déi ganz Nuecht iwwer gesicht.

© AFP

Den zoustännege Procureur hat confirméiert, dass et verschidde Perquisitioune scho gouf, ouni dass een deen Ament weider Detailer wéilt nennen.

Op enger Pressekonferenz um Dënschdeg de Moie fréi huet de belsche Premier Alexander De Croo de Famille vun den zwee Affer säi Bäileed ausgesprach. Den Terror wäert ni gewannen, sou säi klore Message.

D’Belsch huet e Méindeg den Owend géint Schweden e Futtball-Lännermatch gespillt, deen an der Paus ofgebrach gouf, well d’Sécherheetssituatioun ongewëss war. Vill schweedesch Supporter an a ronderëm de Stadion zu Bréissel goufe vun Sécheheetsekippen encadréiert.

De belsche Premierminister Alexander De Croo hat och schonn um Méindeg den Owend op “X” reagéiert. Hie koum mat der Inneministesch Annelies Verlinden an dem Justizminister Vincent Van Quickenborne am nationale Krisenzenter zesummen.

De Parquet fédéral huet e Méindeg den Owend an enger Deklaratioun follgend Informatiounen erausginn. Deemno hätt de presuméierten Täter 45 Joer an hätt 3 Persoune viséiert. Zwou Persounen hunn d’Attack net iwwerlieft. Déi drëtt Persoun, en Taxischauffer, ass ausser Gefor. Eng Phas “d’urgence fédéral” gouf declenchéiert.

RTL-News: Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel - “Et war ee méi involvéiert, wéi ee wollt”

Back to Top
CIM LOGO