Déi ganz Welt hat mat Spannung drop gewaart. Um Weltwirtschaftsforum zu Davos huet den US-President seng Ried gehalen.
Grönland ass Deel vun Nordamerika a gehéiert aus strateegeschen a Sécherheetsgrënn zu den USA. Hien hätt déi dänesch Leit gären an déi dänesch Politiker wiere super, mä d’USA misste Grönland protegéieren an dofir sollt elo direkt mat den Negociatiounen ugefaange ginn. Hie wéilt net op Force zeréck gräifen, sou den Donald Trump.
Der NATO hätt ee vill ginn an et hätt een net vill erëm kritt, sou den Trump. Venezuela géif een hëllefen an de Pëtrol géif ee mat hinnen deelen. Venezuela géif dobäi vill méi raus kréien ewéi bis elo.
Fir de Rescht huet hie vun engem wirtschaftleche Wonner an den USA geschwat, wat hie bewierkt hätt. D’USA wieren a sou ville Beräicher de globale Leader ginn.
D’Ofso fir Verhandlungen iwwer Grönland koum direkt duerno vun Dänemark a Lëtzebuerg ënnerstëtzt dat, dat sot de Luc Fridden am Virfeld.
“Et ass net iergende Bauterrain, deen ee ka kafen. An et kann een och net der Europäescher Unioun soen, ‘wann dir dat net maacht, dann héije mir Douanestaxen.’ An dofir muss d’Äntwert vun der Europäescher Unioun an eisen Aen eng ganz ferm sinn, fir ze soen, ‘dat do geet net. A wann dir Moossname géint eis huet, dann huele mir och Moossname géint Iech.’ Dat ass déi eng Attitüd, déi mer mussen huelen. An zugläich soen ech, Amerika sinn eis Frënn a Partner.”
Verschidde Plaze an Europa géing een dogéint guer net méi erëm erkennen. Den Joe Biden an europäesch Regierunge wieren de falsche Wee gaangen, sou den Trump. Rezessioun an Inflatioun wieren d‘Resultat gewiescht. Ee grousse Problem wier, datt se op Massenimmigratioun gesat hätten. D’Energie-Problematik wier total falsch ugepaakt ginn an d’Präisser wieren duerch de Plaffong gaangen. D’Medie wiere schrecklech, sot den Donald Trump nach. Se hätten iwwerhaapt keng Credibilitéit méi.

D’Maschinn vum US-President Donald Trump war mat Verspéidung zu Zürech gelant. Wéinst engem technesche Problem bei der Air Force One war kuerz nom Start Demi-tour gemaach ginn an den amerikanesche President huet en Ersatzfliger geholl.