"Vereent a proportional"Ursula von der Leyen versprécht Reaktioun op dem Trump seng Grönland-Menacen

AFP, iwwersat vun RTL
An enger Ried beim Weltwirtschaftsforum zu Davos huet d'Ursula von der Leyen op dem Trump seng rezent Menacen zu Grönland reagéiert a gesot, Europa wäert "vereent a proportional" reagéieren.
D'Ursula von der Leyen huet en Dënschdeg beim
D’Ursula von der Leyen huet en Dënschdeg beim Weltwirtschaftsforum zu Davos op dem Trump seng rezent Menacen am Zesummenhang mat Grönland reagéiert an eng passend Äntwert op méiglech Stroftaxe versprach.
© HARUN OZALP/Anadolu via AFP

D’Ursula von der Leyen huet en Dënschdeg ënnerstrach, datt Europa net zécke wäert mat enger Äntwert op dem US-President Donald Trump seng Menacen am Zesummenhang mat Grönland. D’Europäesch Kommissiounspresidentin huet domat an hirer Ried um Weltwirtschaftsforum zu Davos op dem Trump seng Offer reagéiert, nach an der Schwäiz Gespréicher iwwert den ëmstriddenen Territoire ofzehalen.

Méi genee huet d’Ursula von der Leyen den Trump gewarnt, d’Relatiounen tëscht den USA an der Europäescher Unioun net wéinst dem autonome Gebitt, dat zu Dänemark gehéiert, weider ze verschlechteren.

Den Trump, deen e Mëttwoch selwer zu Davos eng Ried hale soll, stellt mat senger Fuerderung, Grönland ze iwwerhuelen, d’transatlantesch Allianz op d’Prouf. Europa denkt elo iwwer Géigemesuren no, nodeems den US-President gedreet huet, am Kader vum Sträit ëm Grönland Stroftaxen op Importer aus aacht europäesche Länner anzeféieren.

“Déi proposéiert zousätzlech Taxe sinn e Feeler, besonnesch tëscht laangjäregen Alliéierten”, sou d’von der Leyen zu Davos. Si huet deemno gewarnt, datt intern Streidereien tëscht den USA an Europa nëmme géingen hire gemeinsame Géigner zegutt kommen. D’europäesch Äntwert op dem Trump seng Menace wäert “vereent a proportional sinn”, sou d’Kommissiounspresidentin weider.

Dat ass och d’Positioun, déi d’dänesch Regierung deelt. Europa “muss reagéieren”, sollt et zu engem Handelskrich kommen, sou d’dänesch Premierministesch Mette Frederiksen an enger Ried virun hirem Parlament. Och de franséische President Emmanuel Macron huet dem Trump seng Menacen zu Davos als “inakzeptabel” bezeechent.

Den Trump selwer huet iwwerdeems mat senge Menace weidergemaach, dat virun allem mat Bäiträg op de Soziale Medien. Sou deelt hien zum Beispill Biller, op deenen ee gesäit, wéi hien en amerikanesche Fändel a Grönland opstellt. Iwwerhaapt weist hie sech zouversiichtlech, datt mat wéineg Oppositioun op seng aktuell Grönland-Pläng vun europäescher Säit ze rechne wier.

EU-Cheffe kommen en Donneschdeg zu Bréissel fir e Krise-Sommet iwwer Grönland zesummen.

Back to Top
CIM LOGO