
Neie Sondagen fir d’Zeitung “The New York Times” an dem Siena College läit d’Kamala Harris den Ament an dräi wichtege Bundesstaaten virum Donald Trump. D’Demokratin huet do souwuel am Michigan, wéi dem Pennsylvania an dem Wisconsin knapp d’Nues fir mat 50%.
Den Trump kënnt op 49%. Domadder sinn d’Ëmfroen sech amgaang zu Gonschten vun den Demokraten ëmzekéieren. Dës dräi Staaten am Mëttlere Westen gëllen als Swing States, als Schlëssel fir d’Walen a sinn net kloer engem politesche Camp zouzeuerdnen.
Bis d’Walen de 5. November ka sech natierlech nach vill änneren, mä d’Demokraten hunn awer nees Hoffnung a sinn erliichtert datt sech den 81 Joer ale President Joe Biden sech um Enn dozou duerchgerongen huet, fir sech zréckzezéien.