
Dat melle verschidden US-Medien, dorënner d’Washington Post an de Sender CNN. Si beruffe sech dobäi op d’Spëtzt vun der Demokratescher Partei.
Ronn 4.000 Delegéiert hunn zanter en Donneschdeg online dierfen ofstëmmen an hunn nach bis e Méindeg den Owend Zäit. Bis e Freideg den Owend haten iwwer 2.350 Delegéiert fir d’Harris gestëmmt.
D’Kamala Harris trëtt deemno am November bei der Presidentewal géint de republikaneschen Ex-President Donald Trump un.
Op der Plattform X huet d’Kamala Harris sech geéiert gewisen iwwert d’Nominatioun, déi Si déi nächst Woch offiziell géif unhuelen.
E Méindeg da wäert d’Partei d’Harris offiziell nominéieren an och matdeelen, wien als Vize-Kandidat mat an d’Course geet. D’Kamala Harris wéilt iwwert de Weekend Gespréicher mat hire potentielle Partner féieren an dann eng Decisioun huelen. Normalerweis ass d’Designatioun vum sougenannte “Running Mate” e komplizéierten a laangwierege Prozess, deen elo muss acceleréiert ginn. Zu de sechs Demokraten deenen am meeschte Chancen nogesot ginn, gehéieren ënnert anerem de Gouverneur vu Pennsylvania Josh Shapiro, dee virdru Procureur am Swing State war, de fréieren Astronaut Mark Kelly an den Transportminister Pete Buttigieg. Dozou geselle sech dann nach den Tim Walz, deen zanter 2019 Gouverneur am Minnesota ass, den Andy Beshear, Gouverneur vum Bundesstaat Kentucky, an de Milliardär J.B. Pritzker, Gouverneur vum Illinois.
Den Donald Trump huet dann och schonn annoncéiert, hie géif de 4. September mam Harris op Fox News debattéieren. Et ass nach net ganz kloer, ob d’Vizepresidentin dee Rendez-vous unhëlt.