Robert Koch-InstitutKanaren a weider Regioun a Kroatien elo och Risikogebitt fir Däitschland

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer méi Länner a Regioune gi vum RKI op d'Lëscht vun de Risikogebidder fir Däitschland gesat, elo och d'Kanaren an eng 3. Regioun a Kroatien.

De 14. August hat den Robert Koch-Institut Spuenien, dorënner och Mallorca, als Risikogebitt agestuuft. Elo gëtt och viru Reesen op d’Kanaren an an e puer Regioune vu Kroatien gewarnt, dat heescht vill Vakanzen-Destinatiounen.

Fir Kroatien, déi mat ëmmer méi héijen Zuelen un Neiinfektioune geplot sinn, bedeit dat virun allem e wirtschaftleche Problem. Den Tourismus ass déi wichtegst Branche am Land a mécht ronn 20% vun hirem PIB aus.

E Mëttwoch koum deemno de kroatesche Bezierk Zadar op d’Lëscht dobäi. Do virdru gouf et eng Warnung fir béid südlech Bezierker Šibenik-Knin mam Nationalpark Krka a Split-Dalmatien mat der Hafestad Split an den Insele Brac an Hvar.

Och Spuenien ass aktuell komplett als Risikogebitt agestuuft ginn. An och fir déi spuenesch Wirtschaft huet dat katastrophal Suitten, ëmmerhin ass d’Land mat iwwer 12% vun hirem PIB vum Tourismus ofhängeg. Op de Kanaren mécht dat souguer 35% vum PIB aus, keng aner Regioun a Spuenien ass därmoosse vum Reesgeschäft ofhängeg.

Fir Leit, déi aus engem Risikogebitt nees Heem reesen, gëllt eng Testflicht. Bis d’Resultat do ass, muss een an Däitschland a Quarantän bleiwen.

De Krittär, fir op d’Lëscht vun de Risikogebidder vum RKI gesat ze ginn, hänkt dovun of a wéi enge Staaten oder Regiounen et an de leschte 7 Deeg iwwer 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner gemellt goufen. Eng Reeswarnung bedeit zwar kee Reesverbuet, ma et huet eng ofschreckend Wierkung.

D’Lëscht vun de Risikogebidder duerch den RKI gëtt nonstop aktualiséiert an ëmfaasst antëscht ronn 130 Staaten a Regiounen.

Back to Top
CIM LOGO