BelschKand vun 3 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat hunn déi belsch Autoritéite gëscht Owend op enger Bilans Pressekonferenz matgedeelt.

Et wier ganz rare, dass esou e jonke Mënsch géing um Covid-19 stierwen, mee et wier ebe keen immun. An der Moyenne stierwen an eisem Nopeschland 3 Leit den Dag un der Longekrankheet. D’Zuele sinn och an der Belsch um klammen. Eleng e Méindeg goufen et 416 Fäll an zanter dem Ufank vun der Pandemie goufen et iwwer 9800 Doudeger.

Dëse Weekend kéint decisiv sinn fir d’Evolutioun vum Virus, sou d’Experte gëschter op der Pressekonferenz. All Mënsch misst seng Responsabilitéiten huele wann een dës Pandemie wéilt an de Grëff kréien.

Back to Top
CIM LOGO