Nikki HaleyKandidatin fir d'US-Presidentschaft trëllt iwwer Fro zum Biergerkrich

RTL Lëtzebuerg
Et si jo just nach e puer Woche bis d'Ofstëmmung iwwert d'US-Presidentschaftskandidate bei de Republikaner.
© North Conway, United States

Bei enger Biergerversammlung am US-Bundesstaat New Hampshire äntwert d’Nikki Haley ausschwäifend op d’Fro zu den Ursaache vum Biergerkrich, ouni allerdéngs d’Sklaverei mat engem Wuert ze nennen.

Grond fir de bluddege Krich tëscht 1861 an 1865 wier a sech gewiescht, “wéi d’Regierung geféiert hätt sollen” a “wat d’Mënsche konnte maachen a wat net”, sou déi fréier UN-Ambassadrice e Mëttwoch.

Si huet nach drugehaangen, dass “et ëmmer ëm d’Roll vun der Regierung an d’Rechter vum Vollek geet”. Offensichtlech iwwerfuerdert an net preparéiert huet déi 51 Joer al Politikerin d’Fro zeréck un déi Persoun ginn, déi se a sech gestallt hat. Hien huet geäntwert, dass hien net fir d’Amt vum President géif kandidéieren an dass et “erstaunlech” wier, dass d’Sklaverei an der Äntwert vum Nikki Haley net eemol zu Sprooch komm wier.

D’Sklaverei stoung jo, an hei si sech d’Geschichtswëssenschaftler all eens, ganz kloer am Zentrum vum amerikanesche Biergerkrich tëscht den Nord- a Südstaaten an ass natierlech de Schlësselmoment an der fréier US-amerikanescher Geschicht.

Back to Top
CIM LOGO