HoustonKanner verléiere béid Eltere bannent 2 Woche wéinst dem Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikaneschen Noriichtesender CNN huet um Freiden d'Schicksal vun enger Famill am Bundesstaat Texas opgegraff.

Den Nathan (12) an den Isaiah (14) hu bannent 15 Deeg d’éischt hir Mamm an dunn hire Papp wéinst dem Coronavirus verluer.

Déi 39 Joer al Mamm Noehmi Esquivel wier den 2. Juli wéinst enger COVID-19-Erkrankung hospitaliséiert ginn an nach dee selwechten Dag gestuerwen, sot de Brudder vun der Fra Jacob Mendoza dem CNN.

11 Deeg méi spéit wier dunn de Papp vun der Famill, de 44-Joer-ale Carlos Garcia, wéinst Niereproblemer an d’Spidol komm. De Mann wier am Gaange gewiescht, sech vum Coronavirus z’erhuelen. Hien hätt awer scho Virerkrankunge gehat, déi doduerch méi schlëmm goufen.

Am Ufank wier et him nach relativ gutt gaangen, ma um 4. Dag an der Klinik hätt säi Gesondheetszoustand sech onerwaart staark verschlechtert an hie wier gestuerwen, sot säi Schwoer.

Béid Elteren hate wuel Diabetis an aner Virerkrankungen. Et wier ganz schwéier fir d’Famill, sot de Mendoza, och well déi 2 wéinst der Pandemie ganz eleng hu missen am Spidol stierwen.

D’Kanner sinn elo bei hirem Monni an hirer Tata, déi en enorme Support vun hirer Communautéit kruten, fir no de Kanner ze kucken - bal 80.000$ si schonn iwwer eng GoFundMe-Säit fir den Nathan an den Isaiah zesummekomm. Hie wier frou, datt si bei Famill kéinte bleiwen an net missten an e Foyer sot den Isaiah géigeniwwer CNN.

D’USA sinn dat am stäerkste vun der Corona-Kris getraffe Land, esou wuel wat Fäll, wéi och Doudesaffer ugeet. Iwwer 4 Millioune Mënschen hu sech ewell mam neiaartege Coronavirus ugestach, iwwer 144.000 si mam Virus gestuerwen. Eleng an de leschten 2 Woche sinn 1 Millioun Infektiounen dobäikomm. Am schlëmmste getraff sinn de Süden an de Westen vum Land.

De President Donald Trump hat wéinst der Entwécklung vun der Pandemie um Donneschden decidéiert, de Parteikongress, op deem hie fir déi nächst Walen als Kandidat nominéiert sollt ginn, ofgesot. Den Trump hat d’Gravitéit vun der Kris Laangzäit erofgespillt an huet ënnert anerem bis viru kuerzem refuséiert eng Mask unzedoen.

Dës Woch hat hie seng Meenung geännert - wat wuel och mat de rezente Sondagen ze dinn huet. Deemno mësstrauen 2 Drëttel vun den US-Bierger senger Krisepolitik. Den Donald Trump läit och däitlech hannert sengem demokratesche Konkurrent Joe Biden. De 4. November sinn d’Presidentschaftswalen an den USA.

Back to Top
CIM LOGO