
Wéi d’Direktioun vum Präis e Freideg annoncéiert huet, gëtt de President vun der Konferenz vun den europäesche Rabbiner fir säin Asaz “fir de Fridden, d’Selbstbestëmmung vun der Vëlker an den europäesche Wäerter” ausgezeechent. Iwwerdeem setzt de Goldschmidt sech och fir den Dialog tëscht de Reliounen an.
Mat der Auszeechnung wëll d’Karlspräis-Direktioun en Zeechen dofir setzen, “datt dat jiddescht Liewe selbstverständlech zu Europa gehéiert an an Europa keng Plaz fir Antisemitismus dierf sinn”, heescht et an der Erklärung. Jiddesch Liewe wieren “e wichtegen Deel vun der europäescher Geschicht a Géigewaart - elo an an Zukunft”.
Zanter den Hamas-Attacke vum 7. Oktober 2023 ass d’Zuel vun antisemittesche Strofdoten a ville Länner an Europa an d’Luucht gaangen.
Mam internationale Karlspräis ginn zu Oochen zanter 1950 Perséinlechkeeten an Institutiounen ausgezeechent, fir hire Verdéngscht fir Europa an d’europäesch Eenegung.