Muechtmëssbrauch wärend Corona-Kris?Kartellamt iwwerpréift d'Praktike vun Amazon

RTL Lëtzebuerg
Huet den US-Konzern wärend der Pandemie seng dominant Positioun um Marché mëssbraucht? Déi Fro soll d'Bundeskartellamt elo klären.

Konkret gëtt Amazon virgeworf, datt d’Entreprise d’Präisser, déi vun Ubidder festgeluecht kënne ginn, beaflosst huet. Händler sollen deementspriechend Reklamatioune gemaach hunn. Amazon dierft Präisser net kontrolléieren, virun allem, well et eng Plattform ass, op déi vill Händler net verzichte kënnen. Dat sot de President vun der zoustänneger Autoritéit fir Konkurrenzrecht, Andreas Mundt, der “Frankfurter Allgemeinen Zeitung”.

Wärend dem éischte Mount vun der Corona-Pandemie goufen et Reklamatiounen, datt Amazon Händler wéinst ze héije Präisser gespaart hätt.

Weltwäit huet Amazon déi éischt Méint vun der sanitärer Kris dovu profitéiert, datt Butteker a ville Länner zou waren oder just limitéiert Clienten empfänke konnten. Doduerch ass eng reegelrecht Flut vun Online-Bestellungen ausgeléist ginn, déi dozou gefouert huet, datt Amazon den héchste Gewënn bannent 3 Méint a senger 26 Joer laanger Geschicht konnt schreiwen.

Back to Top
CIM LOGO