Mä et sollen och Coursë mat physescher Presenz ginn, dann awer a méi klenge Gruppen. Virun allem fir den auslännesche Studenten ze garantéieren, dass si am Land bleiwe kënnen.
Felix Jenn, Student op der Miami University:“Elo ass et net sécher, et ass gesot ginn, dass dat ofgeschaaft géif ginn, bezéiungsweis, dass Studenten awer an Amerika dierfe bleiwen, mee dat Ganzt ass nach eng Debatt an dat ass nach alles onsécher, menger Meenung no.”
Sollt dës Reegelung trotzdeem duerchgesat ginn, musse Studenten ausreesen, déi just nach online Coursë beleeën.
Claudia Zaunz, Presidentin vun der LUAM: “A wa se et net maachen, hu se dono wierklech Problemer mat der amerikanescher Regierung, also bleift hinnen do iwwerhaapt keen Choix, si mussen einfach ofreesen, ganz dovunner ofgesinn, ob si sech dat leeschte kënnen, wou si higinn, ob si do Wifi hunn (...) hiert soziaalt Ëmfeld spillt iwwerhaapt keng Roll.”
Fir de Felix Jenn, dee selwer zu Ohio studéiert, war och schonn dat lescht Semester ganz speziell.
Felix Jenn:“Virun allem mam Studium, wat ëmgeswitched huet op online an net méi am Klasseraum ze sinn, ass natierlech eng Ëmstellung. Ech hu geduecht, et wier einfach, mee et war awer méi schwéier, ewéi ech mir dat erwaart hunn.”
Ewéi dat Ganzt weidergeet, weess elo nach keen. Mee et hofft een awer, dass ee gläich erëm zeréck op d’Uni goen an och do bleiwe kann.
Felix Jenn: “Fir weiderhin do ze studéieren, dovunner hält et mech net of, allerdéngs weess ech elo net fir d’nächst Semester, wéi ech mech decidéiere wäert. Ech hunn ee Moment geduecht, ech kéint elo d’nächst Woch scho goen, mee et sinn einfach ze vill Variabelen, wou ech einfach nach net sécher sinn.”
Fir déi neisten Updatë kann ee sech bei der LUAM oder bei der Miami University mellen.
