
Déi beléiften éisträichesch Schi-Destinatioun Ischgl muss am Laf vum Hierscht mat enger helle Wull u Plainten rechnen, déi drop an drun sinn agereecht ze ginn.
Den éisträichesche Konsumenteschützer Peter Kolba huet en Dënschdeg annoncéiert, dass Enn September éischt Plainten op Dedommagementer beim Landgeriicht vu Wien wäerten deposéiert ginn.
Iwwer 6.000 Leit déi an Tirol an der Vakanz waren, hätte sech antëscht beim Kolba gemellt. Gutt 1.000 Leit wéilte sech enger Strof-Prozedur als Privat-Bedeelegt uschléissen.
Aus der Siicht vum Peter Kolba hätten déi Responsabel vun der Wantersport- a Party-Destinatioun ze spéit op de Corona-Ausbroch reagéiert. Vun Ischgl aus wier de Virus a ganzer 45 Länner gedroe ginn.
Fir dëse Wanter verzicht Ischgl iwwerdeems komplett op den Après-Ski, an et gëlle konsequent sanitär Reegelen, wéi dat permanent Desinfizéiere vun de Gondelen, oder dass Visiteuren, en negativen Test musse matbréngen, oder sech sur

place kënnen testen loossen.