Heimatschutz melltKeng Beweiser fir Bedruch oder Onreegelméissegkeete bei de Presidentiellen

RTL Lëtzebuerg
Et wieren déi sécherst Wale gewiescht an der US-amerikanescher Geschicht.
© RTL-Grafik

Esou heescht et an engem Schreiwes vu Vertrieder vun der Agentur fir Cybersécherheet vum Ministère fir den Heimatschutz, an vun der Vereenegung vun de Wal-Leader aus den eenzlne Bundesstaaten.

Si widderspriechen domadder ganz kloer dem Nach-President Trump, dee sech weiderhin op Bedruch am grousse Stil behaapt. Elo soll, senger Meenung no, en informatesche Programm beim Ofstëmmen honnert-dausende Stëmmen, déi fir den Trump ofginn goufen, fir de Biden gezielt hunn, behaapt den Trump op d’mannst op Twitter.

Seng Verbruetheet, stéisst iwwerdeems bei ëmmer méi republikanesche Politiker op Kritik.

Back to Top
CIM LOGO