
Den däneschen Ausseminister schwätzt nom Treffe mam US-Ausseminister Rubio an dem US-Vizepresident JD Vance vu “fundamentale Meenungsdivergenzen”. Weider sot hien nom Treffen, dass et “absolut net noutwenneg” wier fir d’USA, Grönland anzehuelen, sou den däneschen Ausseminister Lars Lokke Rasmussen weider. “Mir hunn et net fäerdeg bruecht, d’Positioun vun den USA ze änneren. Et ass kloer, dass de President de Wonsch huet, Grönland anzehuelen. A mir hu ganz, ganz kloer gemaach, dass dat net am Interessi vum Kinnekräich wier.” De Minister fuerdert, dass Washington eng “respektvoll” Kooperatioun am Kader vun der Arktik-Insel soll ustriewen.
Kuerz drop koum dunn d’Nouvelle, dass Nato-Partner Däitschland, Schweden an Norwegen Militärtruppen a Grönland schécke wäerten. Dat huet och Berlin elo bestätegt a betount, dass et sech hei ëm en Trupp vun 13 Persoune säitens der Bundeswehr handelt. Et géif een elo emol “d’Kader-Konditioune fir eng méiglech militäresch Bedeelegung exploréieren, fir Dänemark ze ënnerstëtzen a Sécherheet an der Regioun ze garantéieren”, sou den däitsche Verdeedegungsministère.
Kuerz virum Krisentreffen am Wäissen Haus, wou et jo ëm Grönland gaangen ass, huet Dänemark dann och selwer annoncéiert, seng Militärpresenz op der Arktis-Insel mat Effet immédiat wäert verstäerken. D’Arméi géif “vun elo un” Eenheeten fir Übungen op der Insel asetzen, sou den däneschem Ausseministère e Mëttwoch. Dëst géif an nächster Zäit “zu enger verstäerkter Militärpresenz an an ëm Grönland féieren”. Dozou zielt op d’Presenz vu Fligeren, Schëffer an Zaldoten, dorënner Nato-Alliéiert.