
D’Feier war um Sonndeg am Nordorste vun Athen ausgebrach. Zanterdeem hunn dausende Mënschen hir Haiser misse verloossen. Griichenland huet den 12. August den EU ziville Protektiounsmechanismus declenchéiert an Ënnerstëtzung aus dem Ausland gefrot. Am Asaz sinn elo bal 500 Pompjeeën an divers Läschween aus ënnert anerem Italien, Frankräich, Malta a Rumänien.

Lëtzebuerg huet bis ewell keng Ekipp a Griichenland geschéckt, wéi de CGDIS eis,op Nofro hin, sot. An och déi zwee Läschfligeren, déi d’Cargolux d’lescht Joer kaf huet, sollen a Griichenland net am Asaz sinn. Déi griichesch Protection Civil huet nämlech erkläert, dass keng Lëtzebuerger a Griichenland am Asaz sinn. D’Cargolux wollt dëst net kommentéieren.
