Wéinst CoronaKeng Press bei Nominéierung vu Presidentschaftskandidat vu Republikaner dobäi?

RTL Lëtzebuerg
Vum 21. bis de 24. August treffe sech d'Republikaner zu Charlotte am Bundesstaat North Carolina, fir hire Kandidat fir Walen z'ernennen.

Do soll den aktuellen US-President Donald Trump dann offiziell als Kandidat vun de Republikaner presentéiert ginn, dat fir d’Walen den 3. November.

E Parteispriecher huet der “Arkansas Democrat-Gazette” awer gesot, datt hei wuel keng Journalisten dierfte present sinn. Duerch de Coronavirus hätt een eng Limitt u Leit, déi een dierft eraloossen. Wéi CNN mellt, soll d’Ofstëmmung awer via Livestream iwwerdroe ginn.

Kritik kënnt awer do vun der Press selwer. Fir eng vun de grousse Parteien am Land wier et net clever, fir bei esou engem wichtegen Ament d’Press net eranzeloossen, huet den Zeke Miller, Virsëtzende vun de Korrespondenten am wäissen Haus, getwittert. Kuerz drop huet de Miller du geschriwwen, datt dës Decisioun nach net definitiv wier an d’Partei probéiere géif, fir eng Léisung ze fannen.

U sech sollt d’Nominéierung vum Donald Trump zu Jacksonville am Bundesstaat Florida offiziell gemaach ginn. Wéinst den héije Coronazuelen am Bundesland gouf dat awer verluecht.

Back to Top
CIM LOGO