
D’Ursaach vum Crash am schwéier zougänglechen a verschneiten Terrain op ongeféier 2.000 Meter Héicht ass nach ongekläert, sou den zoustännege Parquet e Méindeg am südwestfranséische Foix. Bei den Doudesaffer handelt et sech ëm e 25 Joer ale Fluchbegleeder an dräi Fluchschüler am Alter vun 18 an 21 Joer, dorënner och eng Fra. De Parquet huet eng Enquête lancéiert.
Déi kleng Maschinn vum Typ Robin DR400 war e Sonndegnomëtteg op enger Fluchplaz zu Saint-Girons gestart a sollt no enger hallwer Stonn nees landen. Déi jonk Mënsche waren am Fliger-Veräin gutt bekannt. Et géif een och net verstoen, wéi et zum Virfall komme konnt, sou de President vum Club géintiwwer AFP. De Fliger wier an engem “gudden Zoustand” gewiescht an och reegelméisseg an der Revisioun.