
De klenge Jong vun Heidelberg hätt vu sech aus d’Fënster vum Balcon opgemaach a wier op d’Gelänner geklommen. Hei hätt hien d’Gläichgewiicht verluer an ass méi wéi 15 Meter an d’Déift gefall. D’Mamm wier den Ament am Buedzëmmer gewiescht.
De Bouf vu véier Joer ass schwéierblesséiert an d’Klinik komm an ass e Samschdeg verscheet. D’Police konnt keng Friemawierkung feststellen an och der Mamm konnt keng Vernoléissegung virgehäit ginn.