
Eng Fra aus Tréier, bei där no enger Corona-Impfung e schwéiere Schued um Gehier festgestallt gouf, ass mat hirer Plainte géint den Hiersteller vum Vaccin Astrazeneaca virum Geriicht zu Tréier gescheitert. Dat zoustännegt Geriicht huet d’Fuerderung vun der Fra op Schmäerzensgeld aus rechtleche Grënn ofgewisen. Géint Urteel kënnen déi implizéiert Parteien awer nach an Appell goen.
Dem Landesgeriicht no gouf et zum Zäitpunkt vun der Impfung e grondsätzlecht positiivt Notzen-Risiko-Verhältnis vum Vaccin. Dës wier schonn duerch wëssenschaftlech Bewäertunge confirméiert ginn, esou d’Riichterin Judith Selbach, déi de Virsëtz bei dëser Verhandlung hat. Aus deem Grond huet d’Geriicht och dovun ofgesinn, e weidert Gutachten unzefroen.
Genau esou ass och d’Fuerderung vun der Uklo, den Hiersteller ze verflichten, datt dëse weider Informatiounen zu bekannte Wierkungen an Niewewierkunge matdeelt, ouni Succès bliwwen.
D’Fra, déi d’Plainte gemaach huet, war Ufank Mäerz 2021 mat dem Vaccin vun Astrazeneca geimpft ginn. Kuerz drop hat si eng “Sinus-Venen-Thrombos”. Dat bedeit, datt e Gefääss am Gehier verstoppt war. Dëst trëtt éischter seelen op, kann awer en déidlechen Ausgang hunn. Déi 51 Joer al Fra huet “knapp iwwerlieft” an ass zanterhier dauerhaft schwéier beanträchtegt. Si brauch säit deem eng 24-Stonne-Betreiung.
Déi verschiddenst däitsch Instanzen hunn hire Fall als “Impfschued” unerkannt. Si selwer féiert hir gesondheetlech Aschränkung op d’Impfung zeréck a vertrëtt d’Opfaassung, datt de Vaccin kee positiivt Notzen-Risiko-Verhältnis hat.
D’Geriicht huet drop verwisen, datt d’Uklo ganz fréi an der Impfcampagne geimpft gouf. Zu deem Zäitpunkt war just wéineg Fäll vun enger “Sinus-Venen-Thrombos” bekannt. Eréischt den 19. Mäerz 2021 goufen d’Vaccine vun Astrazeneca an Däitschland virleefeg ausgesat. Méi spéit huet déi dauerhaft Impfkommissioun de Vaccin nach just fir Leit iwwer 60 Joer zougelooss.
Géint d’Urteel kann d’Fra beim héchste Landesgeriicht zu Koblenz an Appell goen. Ob si dëse Schratt wëll goen, ass aktuell nach net kloer. De Jong vun der Fra huet sech iwwerrascht a schockéiert iwwer d’Decisioun vum Geriicht gewisen. Senger Meenung no hätt d’Geriicht nach guer keen Urteel dierften huelen.
Hannergrond ass en änleche Fall, deen aktuell um Bundesgeriichtshaff läit. Do gëtt eng méiglech Haftung vum Hiersteller bei engem Corona-Impfschued gepréift. Eng Decisioun gëtt fir de Mäerz erwaart.