
An deene leschten Deeg ass a verschiddene Länner am südostasiatesche Raum staarken a groussflächege Reen gefall, duerch deen et zu uergen Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche komm ass. Betraff waren nieft Malaysia an Thailand virun allem och Indonesien a Sri Lanka. Engem neiste Bilan no sinn an deene véier Länner am Ganze méi wéi 1.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. Op Sri Lanka an op der indonesescher Insel Sumatra ass d’Militär am Asaz, fir den Affer an Nout ze hëllefen.
“Dat Schlëmmst ass eriwwer, hoffentlech.” Sou den indonesesche President Prabowo Subinato, deen e Méindeg an den Norde vu Sumatra gereest ass. D’Prioritéit vun der Regierung géif elo dora leien, sou séier wéi méiglech déi néideg Hëllef an déi isoléiert Uertschaften ze schécken. Aktuell wieren dräi Krichsschëffer an zwee medezinesch Schëffer ënnerwee an déi am uergste betraffe Gebitter. Eleng an Indonesien gouf et op d’mannst 500 Doudesaffer a weider 500 Persoune ginn ëmmer nach vermësst. Trotz den aktuellen Ëmstänn gouf bis elo awer nach net den nationalen Noutstand ausgeruff an och no internationaler Hëllef huet de Subinato nach net gefrot.
Op Sri Lanka läit d’Zuel vun den Doudesaffer bei op d’mannst 340. Anescht wéi an Indonesien, huet d’Regierung hei nom Zyklon Ditwah no internationaler Hëllef gefrot an och den nationalen Noutstand ausgeruff. Och hei ginn ëmmer nach Honnerte vu Mënsche vermësst. An der Nuecht op e Méindeg huet de Waasserpeegel an der Haaptstad Colomobo en Héchststand erreecht, ma zanterhier hätt de Reen opgehalen an d’Waasser ugefaangen, liicht zréckzegoen. De ganzen Ausmooss vun der Zerstéierung ass hei nach net kloer.
Vill Reen ass an der aktueller Monsun-Saison a Südostasien net ongewéinlech. Duerch zousätzlech tropesch Stierm, deenen hir Intensitéit duerch de Klimawandel weider verstäerkt gëtt, huet d’Regioun aktuell besonnesch staark mat de grousse Waassermassen ze kämpfen.