FrankräichKnapp 7.400 Neiinfektioune bannent engem Dag

RTL Lëtzebuerg
Zanter Wochen warnt déi franséisch Regierung, dass de Coronavirus sech nees séier verbreet. Trotzdeem klammen d'Zuele rasant.

Och schonn déi Deeg virdru waren d’Infektiounszuelen héich. Den Dag virdrun waren et méi wéi 6.000 Fäll, deen nach virdrun iwwer 5.000.

Och an de Spideeler an op den Intensivstatioune géif d’Zuel vu Patientinnen a Patienten nees eropgoen, wann och nach op engem niddregen Niveau, wéi de franséischen Gesondheetsministère mellt.

D’Regierung versicht d’Moossnamen ze verschäerfe fir géint d’Verbreedung vum Virus virzegoen. Zu Paräis an den Departementer ronderëm gëllt zum Beispill elo och d’Maskeflicht ënner fräiem Himmel.

Back to Top
CIM LOGO