No Walen an IsraelKommissioun weist Reprochë vu Bedruch duerch arabesch Parteien zréck

RTL mat AFP
De Premier Benjamin Netanjahu hat no de Parlamentswalen den arabesche Parteie Bedruch virgehäit. E Mëttwoch fänkt de President Isaac Herzog mat de Berodungen iwwer d'Formatioun vun enger neier Regierung un.
Zesumme mat den arabesche Parteie kéim dem Gaid Eisenkot säi Block op eng Majoritéit vu 67 Sëtz an der Knesset.
Zesumme mat den arabesche Parteie kéim dem Gaid Eisenkot säi Block op eng Majoritéit vu 67 Sëtz an der Knesset.
© JACK GUEZ/AFP

Ënner Beruffung op eegen Ënnersichungen huet déi israeelesch Walkommissioun dem Premier Benjamin Netanjahu seng Virwërf vu Bedruch bei de Parlamentswalen duerch déi arabesch Parteien zeréckgewisen. All Virworf wier kontrolléiert an iwwerpréift ginn an et géif keng Indicë ginn, dass d'Integritéit net geséchert gewiescht wier, sou d'Kommissioun e Mëttwoch. Den arabesche Parteie fält bei der schwiereger Formatioun vun enger neier Regierung eng Schlësselroll zou.

Dem Staatschef Isaac Herzog sinn e Mëttwoch de Moien déi offiziell Resultater vun der Wal iwwergi ginn. Sengem Büro no wéilt den Herzog dann am Nomëtteg mat zwee Deeg laange Berodungen ufänken, wien den Optrag zur Formatioun vun enger Regierung soll kréien. De President fänkt dobäi bewosst mat de klenge Parteien un, fir sech en ëmfaassend Bild ze maachen. D'Gespréicher mat den zwee gréisste Lagere si fir en Donneschdeg den Owend ugesat.

No de Parlamentswale hat weder dem Netanjahu säi Camp, nach d'Bündnis vum Oppositiounsleader Gadi Eisenkot eng Majoritéit kritt gehat. Déi zwou gréisstendeels arabesch Lëschte Raam a Vereenegt Lëscht hate sech mat 19 Sëtz der souvill wéi nach ni geséchert.

"Pogrom géint d'Demokratie"

De Benjamin Netanjahu hat den arabesche Lëschte puermol Bedruch virgehäit. Dobäi hat hien op Festname vu Verdächtege verwisen, déi um Dag vun de Walen Enveloppe voller Boergeld bei sech haten. D'Walkommissioun huet awer erkläert, si hätt bei den Iwwerpréiwunge vun allen 9.069 Wallokaler keng Beweiser fir déi Virwërf kënne fannen. Dowéinst geet een dovun aus, dass d'Resultater "de Wëlle vun de Wieler korrekt erëm gëtt".

De Sträit ëm presuméierte Bedruch hat sech virun der Erklärung vun der Walkommissioun verschäerft. Den Eisenkot hat dem Netanjahu an deem senger Likud-Partei virgehäit, e "Pogrom géint d'Demokratie" wëllen z'inzenéieren. Dem Eisenkot säi Block kéim zesumme mat den israeelesch-arabesche Parteien theoreetesch op eng Majoritéit an der Knesset. Allerdéngs gëtt et bannent dem Eisenkot sengem Block zum Deel Widderstänn géint eng méiglech Zesummenaarbecht mat den arabesche Parteien.

Back to Top
CIM LOGO