
3,8 Millioune Kroate waren e Sonndeg opgeruff hir Stëmm of ze ginn. An de Walkabinnen huet duerch d’Corona-Pandemie ganz strikt Hygiènes-Mesuren gegollt. Leit, déi a Quarantän waren, konnte vun doheem aus wielen, Beamten hunn d’Enveloppen deen Ament ofgeholl.
Kroatien ass staark ofhängeg vum Tourismus a muss elo mat enger schwéierer Rezessioun rechnen.