HydroxychloroquinKritik un Etüd, op déi sech d'WHO baséiert huet

RTL Lëtzebuerg
Dosende Fuerscher op der ganzer Welt weise sech besuergt par Rapport zu enger publizéierter Etüd iwwert den Asaz vun Hydroxychloroguin géint de Covid-19.
Hydroxychloroquin: Kritik un Etüd
Dosende Fuerscher op der ganzer Welt weise sech besuergt par Rapport zu enger publizéierter Etüd iwwert den Asaz vun Hydroxychloroguin géint de Covid-19.

D’Weltgesondheetsorganisatioun an eng Partie Regierungen hunn hir Politik an hir Traitementer op Basis vun den Date vun där Etüd geännert.

Eng Etüd, déi den 22. Mee an der Fachzäitschrëft “The Lancet” publizéiert gouf a sech op Donnéeë vun der US Firma Surgisphere baséiert huet. D’Resultat vun der Etüd war, datt Hydroxychloroquin an de Wierkstoff Chloroquin net just keng Wierkung bei Covid-19-Patienten hätt, mä souguer méiglecherweis wéinst de schroen Niewewierkungen, de Risk, drun ze stierwen, klamme géif. Doropshin hunn eng ganz Partie Länner d’Traitement mam Malaria Mëttel verbueden. D’WHO huet hirersäits opgehalen, d’Mëttel klinesch ze testen.

Eng Woch no der Publikatioun vun der Etüd hu sech Dosende Fuerscher aus der ganzer Welt an engem oppene Bréif skeptesch gewisen. Souwuel d’Methodik, wéi och d’Manéier, wéi d’Donnéeë gesammelt goufen, wiere bedenklech.

Fir d’Studien hate Fuerscher vun der Harvard Medical School zu Boston an der Unisklinik vun Zürech Date vu 96.000 Patienten an honnerte Spideeler weltwäit ausgewäert. D’Donnéeë koume vun der US Firma Surgisphere, déi eegenen Aussoen no op d’Analys vu Gesondheetsdonnéeë spezialiséiert ass.

Recherchë vun der brittescher Dageszeitung “The Guardian” hunn ënnert anerem erginn, datt e Mataarbechter vun der US-Firma als wëssenschaftlechen Editeur ugi gëtt, dësen allerdéngs e Science-Fiction-Schrëftsteller ass. Obscho Sugisphere vu sech selwer behaapt, eng vun de gréissten a séierste Base de Donnéeë weltwäit ze geréieren, huet d’Firma praktesch keng online Presenz. Op Twitter huet se manner wéi 170 Follower. Tëscht Oktober 2017 a Mäerz 2020 hu se näischt op hirer Twitter-Säit geschriwwen.

Am oppene Bréif vun de Fuerscher gëtt ënnert anerem kritiséiert, datt aner Wëssenschaftler keen Zougang zu den Donnéeë kruten an och näischt gesot gëtt iwwert d’Länner an d’Spideeler, aus deenen d’Donnéeë kommen.

“The Lancet” huet sech antëscht vun hirer Publikatioun distanzéiert.

Back to Top
CIM LOGO