Onbeléifte Perséinlechkeeten am GremiumKritik vun Israel u "Gaza Executive Board"

RTL mat AFP
No der Presentatioun vum sougenannte Friddensrot fir d'Gazasträif duerch den US-President Trump huet Israel Kritik un der Zesummesetzung vun engem ënnergeuerdente Gremium geäussert.
Israeelesche Premier Benjamin Netanjahu
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.
© POOL/AFP/Archiv/Yair Sagi

De Gremium soll d’Ëmsetzung vum Friddensplang am Noen Osten iwwerwaachen. Nieft dem Friddensrot gëtt et nach de “Gaza Executive Board”, ma do si Memberen dran, un deene sech den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu stéisst. Dat si virop den tierkeschen Ausseminister an ee katareschen Diplomat. D’Tierkei an de Katar haten Israel fir säi Virgoen an der Gazasträif massiv kritiséiert. Fir d’Zesummesetzung vun deem Gremium sinn d’USA responsabel.

D’Zesummesetzung vum Verwaltungsrot wier “net mat Israel ofgestëmmt” a géif géint déi israeelesch Politik lafen, huet de Büro vum israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu e Samschdeg matgedeelt. Den Ausseminister Gideon Saar wier ugewise ginn, an der Affär säin US-Homolog Marco Rubio ze kontaktéieren.

D’US-Regierung hat e Mëttwoch den Ufank vun der zweeter Phas vun der Wafferou an der Gazasträif bekanntginn. Engem 20-Punkte-Plang no, deen den US-President Trump am Oktober presentéiert hat, soll d’Iwwergangsverwaltung vun engem “Friddensrot” iwwerwaacht ginn, deen hie sengen eegenen Aussoen no selwer uleede wëll.

Back to Top
CIM LOGO