
"D''Nowaja Gaseta' hält op ze existéieren", esou hire Chefredakter Sergej Sokolow an engem e Freideg op der Plattform YouTube publizéierte Videomessage. "Déi russesch Autoritéiten, déi russesch Geheimdéngschter hunn d'Redaktioun dozou gezwongen, hir Aarbecht ze stoppen."
D'"Nowaja Gaseta" war wärend ville Joren de wichtegsten onofhängege Medium a Russland. Wéinst hirer Recherche a kritescher Couverture zur Mënscherechtssituatioun am Land stoung d'Zeitung staark ënner Drock. Sechs vun hire Journaliste goufen ermort, dorënner d'Anna Politkowskaja, dat virun 20 Joer zu Moskau erschoss gouf.
Mëtt Oktober war de Sergej Sokolow iwwerdeems och temporär festgeholl a verhéiert ginn, dat am Kader vun Ermëttlunge géint ee vu senge Journalisten, den Oleg Roldugin.
D'Zeitung hat hir Produktioun a Russland nom russeschen Ugrëff op d'Ukrain 2022 gestoppt, nodeems déi militäresch Zensur agefouert gouf. Am Internet existéiert se awer weider. Vun de russeschen Autoritéite gëtt d'"Nowaja Gaseta" als sougenannten auslänneschen Agent klasséiert.