Professer Martin Puchner am Institut Pierre Werner"Kultur ass e Grondbesoin vum Mënsch, et gëtt keng Gesellschaft ouni"

Caroline Mart
De Martin Puchner beliicht a sengem neiste Buch "Kultur eine neue Geschichte der Welt" quasi déi ganz Kulturgeschicht vun der Mënschheet.
Den integralen RTL-Interview mam Professer Martin Puchner
De Martin Puchner beliicht a sengem neiste Buch “Kultur eine neue Geschichte de Welt” quasi déi ganz Kulturgeschicht vun der Mënschheet.

Den Däitsch-Amerikaner, deen op der Harvard Universitéit léiert, kënnt zur Conclusioun, dass Kultur duerch Austausch entsteet, quasi wéi eng riseg Recyclingmaschinn funktionéiert a genee dat och de Räichtum vu Kultur ausmécht. Op Lëtzebuerg koum de Professer fir Englesch a Vergläichend Literaturwëssenschaften am Kader vun enger Konferenz vum Institut Pierre Werner, hien huet awer och RTL e laangen Interview ginn.

Do schwätzt de Martin Puchner, dee selwer tëscht de Kulture steet, tëscht alem an neie Kontinent, och iwwert Kulturkämpf an den USA, mee virop och dee Kampf, deen d’Trump Administratioun der EU an onser europäescher Aart a Weis ze liewen, ugekënnegt huet, sief et schonn an der Ried vum US-Vizepremier op der Sécherheetskonferenz zu München oder an der neier Sécherheetsstrategie vun den USA.

Dëst wier och eng Reaktioun op eng Globaliséierung, an där vill sech net méi erëmfanne géingen, awer och d’Reaktioun op eng, zwar gutt gemengten awer net ëmmer gutt gemaachten Opfaassung vu Wokeness, geduecht fir Opmierksam ze si via-à-vis vun Diskriminatioun vu Minoritéiten oder Rassismus, wier des Beweegung iwwert hiert Ziel erausgeschoss, apaart op den US-Unien.

Cancel Culture oder Kulturboykotter wieren zwar a bestëmmte Fäll nozevollzéien, awer och do wier oft de Bou iwwerspaant ginn, Kultur géing och vu Widderspréch an anere Meenunge liewen, déi misst een net deelen, mee se “ausradéieren” wier keng Léisung a géing de Bléck op d’Geschicht verfälschen, e Boykott dacks déi falsch, dat heescht déi Kulturschafend treffen .

Aner Themen am Interview mam Professer Puchner sinn d’Fuerschungsfräiheet vu senger Uni Harvard, wou et nach ëmmer politeschen Drock ginn hätt vu lénks a vu riets oder d’Kënschtlech Intelligenz. Do gesäit hien nieft de Geforen och eng Méiglechkeet, grad op eng aner Aart a Weis Kultur ze schafen a späicheren a versicht, selwer se beschtméiglech ze notzen.

Back to Top
CIM LOGO