
De vermëssten mongoleschen Alpinist Usukhjargal Tsedendamba ass dout. E Spriecher fir d’Entreprise, déi d’Biergtour fir den Alpinist organiséiert huet, huet gesot, den 53 Joer ale Mann wier op ronn 8.600 Meter Héicht fonnt ginn. Dem Usukhjargal Tsedendamba säi Begleeder ass den Ament nach vermësst. D’Männer wieren ouni Sherpa ënnerwee gewiescht an hire Funk wier an hirem Zelt erëmfonnt ginn.
Den Usukhjargal Tsedendamba a säin 31 Joer ale Begleeder Prevsuren Lkhagvajav, deen och aus der Mongolei ass, hate sech fir d’lescht e Sonndeg aus dem Camp 4 gemellt, dat emol kee Kilometer ënnert dem Sommet läit. Aner Alpinisten hätten d’Männer e Sonndeg nach vum Wee fir bei de Sommet gesinn, heescht et iwwerdeems vun der nepalesescher Tourismusagence.
Et ass den éischte confirméierten Doudesfall um Mount Everest an dësem Joer. Eng 80 Alpinisten hunn de Sommet dëst Joer schonn erreecht.
E Sonndeg huet iwwerdeems een aneren Alpinist en neie Rekord um Mount Everest opgestallt. Den nepaleesesche Sherpa Kami Rita ass Enn lescht Woch fir déi 29. Kéier ganz uewen um Sommet ukomm.