AntwerpenLeit dierfen Nuets net méi virun d'Dier

RTL Lëtzebuerg
Well d'Corona-Chifferen an der belscher Provënz Antwerpen erëm staark geklomme sinn, gouf decidéiert, dass een an der Nuecht hei net méi virun d'Dir dierf.

Vun e Mëttwoch un mussen d’Awunner vun där Regioun tëscht 11 Auer Owes a 6 Auer Moies Doheem bleiwen. Donieft muss een op allen ëffentleche Plazen an iwwerall do, wou een den Ofstand vun annerhallwem Meter zu enger anerer Persoun net kann anhalen, eng Mask undoen. Individuell Kontakt- an Teamsportaarte fir Erwuessener iwwer 18 Joer sinn op en neits verbueden.

D’Provënz war an der Lescht zu engem Hotspot ginn. De Buergermeeschter vun Antwerpe féiert dës Hausse bei den Infektiounen op Hochzäiten, Shisha-Baren a Fitnessstudioen zeréck.

Back to Top
CIM LOGO