Ouverture géintiwwer dem Rassemblement National"Les Républicains" geheien eegene Parteichef Ciotti eraus

RTL Lëtzebuerg
Den Éric Ciotti hat mat senger Annonce, dass seng Partei "Les Républicains" eng Allianz mam "Rassemblement National" misst agoen, fir en Eclat gesuergt.
© Ludovic MARIN / AFP

An der franséischer Politik geet et den Ament drënner an driwwer. En Dënschdeg hat de Éric Ciotti, President vu “Les Républicains”, eng Allianz mam Rassemblement National annoncéiert. Hie war dermat dem Opruff vum RN nokomm, en nationalistesche Bloc ze forméieren.

Den Dag dono huet de politesche Büro vun de Republikaner awer decidéiert, datt den Éric Ciotti aus der Partei erausgehäit gëtt, esou franséisch Medien, ënner anerem BFM TV.

Den Interim maachen d’Generalsekretärin Annie Genevard, an de François-Xavier Bellamy, Spëtzekandidat bei den Europawalen. D’Republikaner, déi aus der UMP an do virdru aus gaullistesche Parteien ervirgaange sinn, ware bis elo éischter Mëtt-Riets ze situéieren.

Back to Top
CIM LOGO