
Eng Rei italieenesch Medien hate scho bericht, datt de Jong vum leschten italieenesche Kinnek Umberto II. “friddlech zu Genf am Krees vu senger Famill” ageschlof wier. Elo huet den Affekot vum leschte Krounprënz vun Italien den Doud confirméiert.
D’Savonien-Dynastie, déi vun 1861 bis 1946 um italieeneschen Troun souz, gouf duerch déi italieenesch Verfassung ofgeschaaft, nodeems dem Kinnek Viktor Emanuel III. eng Zesummenaarbecht mam Faschisteschen Diktator Benito Mussolini virgeworf gouf. Hie war dem verstuerwene Krounprënz säi Grousspapp an hat 1938 déi antisemittesch Rassegesetzer ënnerschriwwen.
Den 1937 gebuerene Victor Emanuel, dee sech selwer “Prënz vun Neapel” genannt huet, huet Italien am Alter vun 9 Joer verlooss. Eréischt am Joer 2002 duerft hien aus dem Schwäizer Exil zeréck an Italien. Dat awer eréischt, nodeems hien der italieenescher Republik d’Trei geschwuer huet - eppes, wat de verstuerwene Krounprënz virdru laang refuséiert hat.