Mir hu mat engem Lëtzebuerger, deen a schwedesch Lapland wunnt, geschwat. An der norwegescher Haaptstad Oslo sinn d‘Temperature fir d‘éischte kéier zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen ënnert minus 30 Grad gefall. Et ass eng batter Keelt. Schweden, Finnland an Norwegen notéieren hir bis ewell keelsten Deeg dëse Wanter. Mëtt der Woch goufen a ganz Finnland tëscht Minus 20 a Minus 40 Grad gemooss. A Lapland goufen dës Woch offiziell souguer -43,6 Grad gemooss. Et ass dee keelste Januar a 25 Joer. Déi meescht huelen et mat Humor, esou och de Stephan Quintus: „Et ass alles an der Rei, tipptopp… bis op: ech weisen Iech et. Also 1 Auto leeft erëm. Zanter gëschter, dee maache mer och net méi aus. De Mecanicien sot, mir sollen deen op kee Fall méi ausmaachen. Deen 2. spréngt nach ëmmer net un.“
Zanter 2 an engem hallwe Joer wunnt de Stephan a Lapland. De fréieren Eisebunner lieft haaptsächlech vum Tourismus an Toure mat Schlittenhënn. Dës sinn duerch d‘Keelt déi lëecht Deeg awer ausgefall: „Och wa mir mat den Eenheemesche schwätzen: mäin Noper huet elo 66 Joer. Dee sot och, datt si et nach ni esou extreem haten. Minus 40 kënnt emol vir. Awer net esou vill Deeg hannereneen.“
4 Deeg hunn d‘Awunner am Norde vu Schweden géint déi extreem Keelt gekämpft. Et probéiert ee - sou gutt et geet - dobannen ze bleiwen. Wäit kënnt ee souwisou net, erkläert de Lëtzebuerger Auswanderer: „Mir hunn nach ni erlieft, datt zum Beispill Busser net méi gefuer sinn. Déi lescht 3 Deeg goufen d‘Busser komplett ausgesat. Dat gouf et hei och nach net. Bei Minus 38 Grad leeft alles ganz normal hei. Et ginn och just nach 2 Autoen hei am Duerf. Dovunner ass ee vun eis.“
Solidaritéit generell ass extreem héich. Sou gëtt an esou extreeme Situatioun gären alles gedeelt. „Du denks guer net esou: Oh nee, ech ginn dach elo net mäin Auto ewech. Do ass guer keng Diskussioun. Et gëtt direkt een no deem anere senge Muppe gekuckt. Ob ee genuch Doheem huet fir z‘iessen. Et geet ee fir deen anere akafen. Den Zesummenhalt ass wierklech schéin.“
Iwwert de Weekend da soll de siberesche Wand sech weider berouegen an d‘Temperaturen dann a Skandinavien nees weider klammen. De Wanter allerdéngs ass hei nach laang net eriwwer.