Rapport vun der OECDLëtzebuerger Schüler hunn am Verglach mat anere Länner 1 Woch méi Schoul verluer

Fanny Kinsch
Am Rapport geet och ervir, dass zu Lëtzebuerg liicht méi Schüler an enger beruffsorientéierter Ausbildung wieren, wéi den Duerchschnëtt vun der OECD.

OECD-Rapport “Bildung” - Reportage Fanny Kinsch

D’Schüler zu Lëtzebuerg hunn duerch d’Corona-Kris 1 Woch Schoul méi verpasst, wéi den Duerchschnëtt vun de räichste Länner - dat constatéiert d’OECD an hirem Bildungsrapport, deen en Dënschdeg publizéiert gouf. Trotz groussen Efforten am Secteur hätt dës Ënnerbriechung e staarken Impakt op d’Educatioun, well d’Ongläichheeten doduerch géife verschäerft ginn, esou d’Aschätzung vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung.

Bei der Reouverture vun de Schoulen hätt Lëtzebuerg de Virdeel, datt am Verglach mam Rescht vun den OECD-Länner am mannste Schüler an enger Klass sinn, wat Distanz-Mesurë vereinfache géif - och wann d’Gréisst vun de Klassesäll natierlech och en Impakt hätten.

Duerch d’Kris géif e Risiko bestoen, datt manner Sue fir d’Educatioun do sinn, well d’Regierungen uechter d’Welt an d’Wirtschaft an an de Gesondheetssystem investéiere mussen. D’Ausgabe pro Schüler sinn zu Lëtzebuerg zwar verhältnisméisseg héich – esou wuel am Prescolaire, wéi am Primär- bis Tertiären Educatiounsberäich, sinn d’Ausgabe pro Kand respektiv Schüler méi wéi Duebel esou héich wéi den Duerchschnëtt vun de räichste Länner. Dat virun allem wéinst den Ausgabe fir Uni- an Héichschoulstudenten - d’Lëtzebuerger Regierung huet 2017 iwwer 35.000 US-Dollar méi pro Student investéiert, wéi d’Moyenne vun den OECD-Länner.

Wéi am Rapport ervirgestrach gëtt, ass Lëtzebuerg awer och eent vun de Länner, dat dee klengsten Deel vu sengem PIB fir d’Educatioun ausgëtt. Lëtzebuerg huet op där anerer Säit de Virdeel, datt den Undeel vu privaten Investissementer, déi duerch d’Kris manner zouverlässeg ginn, bedeitend méi kleng ass, wéi am OECD-Duerchschnëtt.

Ee weidere Facteur - déi grouss Majoritéit vun den Uni- an Héichschoulstudenten zu Lëtzebuerg studéiert am Ausland, eng ontypesch Situatioun, déi der OECD no dozou bäidroe kéint, datt den Impakt vun der Corona-Kris op d’Educatioun am Grand-Duché méi staark ze spieren ass, wéi an anere Länner.

An den Ae vun der OECD huet sech duerch d’Kris gewisen, wéi wichteg d’Beruffsausbildung ass, woubäi den Trend aus de leschte Joren éischter an d’Richtung vun engem akademeschen Ofschloss nom Secondaire goung. Et missten Efforte gemaach ginn, fir d’Beruffsausbildung méi attraktiv ze maachen, esou d’OECD, zum Beispill andeems ee méi Méiglechkeete fir eng Ausbildung bannent engem Betrib géif ubidden an d’Relatiounen zur Privatwirtschaft stäerke géing.

Zu Lëtzebuerg wiere liicht méi Schüler an enger beruffsorientéierter Ausbildung, wéi den Duerchschnëtt vun der OECD. Besonnesch beléift hei am Land ass de Beräich Commerce, Administratioun an Droit. Den Undeel vu Schüler, déi sou wuel an der Schoul wéi op enger Aarbechtsplaz ausgebilt ginn, wier awer méi niddreg, wéi an den anere räiche Länner. An net grad d’Hallschent vun de Schüler hätten duerno Accès op eng Uni oder Héichschoul, vill manner wéi am OECD-Duerchschnëtt.

PDF: De ganzen OECD-Rapport

Back to Top
CIM LOGO