
Den Etat-majeur vun der libescher Arméi war zu Ankara op enger Aarbechtsvisitt a spéider mat senger Maschinn um Réckfluch op Libyen. Kuerz nom Start zu Ankara wier de Fliger vum Radar verschwonnen, hat déi tierkesch Regierung gemellt. Kuerz duerno goufen d’Iwwerreschter vun der Maschinn fonnt, och an der Provënz Ankara. Souwuel hie wéi och véier vu senge Begleeder goufen als dout confirméiert.
Zanter am Joer 2011 de laangjärege Staatschef Muammar al-Gaddafi gewaltsam gestierzt gouf, leit Libyen ënnert massiver Instabilitéit. D’Land ass quasi an zwee gespléckt: An der Haaptstad Tripolis am Weste vum Land regéiert déi vun de Vereenten Natiounen an och der Tierkei unerkannt Regierung vum Abdulhamid Dbeibah, zu där och den al-Haddad gehéiert huet. Se steet a Konkurrenz zu enger Géigeregierung am Oste vum Land, déi vum Generol Haftar geféiert an ënner anerem vu Russland ënnerstëtzt gëtt.